Luxemburger Version
Luxemburger Version
00. Prolog
01. De Jesus ass rosen
02. De Jesus iergert sech
03. He wieft den Händler hier Dëscher em.
04. D’Käfeger mat den Déiere fir ze affere falen op de Buedem.
05. Raus!
06. Alles soll raus wat de Wee zu sengem Papp verspäert.
07. Wat d’Begéine mat Gott verhënnert.
08. Den Afferkult, deen zum Selbstzweck gëtt. Gebueter a Verbueder déi een erdrécken.
09. Dem Härgott séin Haus soll e
Gebietshaus séin.
10. En Haus fir all Vollek! Dir huet eng
Räiberhiel doraus gemaach!
11. (Mk 11,17).
12.
13. De Jesus geseit, wat d’Mënschen dorunner hënnert.
14. Wat de Bléck op Gott verdréiwt a falsch mécht.
15. Ronderëm eis Mënschen an och an eis selwer.
16.
17. Dofir ass hee komm:
18. Fir de Bléck vun de Mënsche rëm op den Härgott ze lenken.
19. E Gott, deen d’Léift ass, dee befreit zum volle Liewen
21. An dofir wëllt de Jesus eis erléisen,
22. dat mir eis Heemecht am Härgott fannen.
23.
24. Komm mir ginn dem Jesus sei Wee.
25. Mat him, mam Jesus sei
Leidenswee.
26. E Wee deen eis befreit.
27. Eise Wee vun der Erléisung.
28. Komm mir maachen eis op de Wee à sengem Numm – am Numm vum Papp, vum Jong a vum Hl. Geescht.
29. Amen
01. Getsemani
Text
Lukas 22, 39 – 46
De Jesus fäert.
Hie fäert dat, wat op hien duer kënnt. Wie fäert, dee wëllt fortlafen.
Just eraus hei, eraus!
Wie fäert, dee verlaangert no Schutz an Hëllef.
Seng Jünger schlofen.
Si hunn hien eleng gelooss.
Wéi e Kand streckt de Jesus seng
Ärem no sengem Papp aus: Den Härgott soll hien erléisen.
Den Härgott soll d‘Leiden, dat op hien
duerkënnt, vun him ewechhalen.
Awer de Jesus weess och: Dat hei ass säi Wee.
De Jesus kämft mat sech selwer. Hie réngt mam Härgott.
Hie weess net, wat hie maache soll.
Den Härgott äntwert him. Hie gëtt him
Kraaft a mécht hie staark.
Seng Aangscht soll hien net lähmen.
De Jesus décidéiert sech. Hie leeft net fort. Hie geet säi Wee bis un d‘Enn.
Meditatiounsmusek
Mir däerfen den Härgott froen, äis z‘erléisen:
Gebiet:
Härgott, maach äis fräi vun der
Aangscht, déi äis lähmt.
Gëff äis d’Kraaft, eisen eegene Wee goen ze kënnen.
Gëff äis de Courage, eist Liewen ze
liewen.
Erléis äis vum Béisen. Amen
Liddruff
Maach äis fräi, erléis äis, Du, eise
Gott, erbaarm dech eiser.
02 Péitrus
De Péitrus war ënnen am Haff. En Déngstmeedche vum Hohepriister koum dohinner. Si huet de Péitrus gesinn, wéi hie sech beim Feier gewiermt huet, a si huet hie méi genee gekuckt. Si sot: „Du waars dach och mat dësem Jesus vun Nazareth zesummen!“ De Péitrus huet et ofgestridden a sot: „ Ech hu keng Ahnung, vu wat datt s du do schwätz.“ An dunn ass hien eraus an de Virhaff vum Palais gaangen.
I Merde! Si huelen hie mat Merde! Ech fäerten. Geschwënn huele si mech och mat.
Wéi eng aner Sklavin hien do gesinn huet, huet déi och op eemol domat ugefaangen an zu deenen aneren, déi do stoungen, gesot: „Dee gehéiert och zu hinnen.“ Awer de Péitrus huet erëm alles ofgestridden.
II De Péitrus wëllt net, datt mat him dat selwecht geschitt, wéi mam Jesus:
Folter, Schléi, Schmäerz.
Hie spiert just kal Aangscht, soss näischt.
Kuerz drop soten dunn och déi aner, déi derbäi waren, zum Péitrus: „Natierlech gehéiers du zu deenen! Du bass dach och aus Galiläa.“ Dunn huet de Péitrus geschwuer: „Den Härgott soll mech strofen, wann ech léien! Ech kennen dëse Mënsch, vun deem dir schwätzt, net.“
I Neen
Net ech.
Neen, an nach eng Kéier : Neen! Loosst mech dach a Rou!
Am selwechten Ament huet den Hunn fir d’zweet gekréit. Dunn huet de Péitrus sech un dat erënnert, wat de Jesus him
gesot hat: „Nach éier den Hunn fir d’zweet kréit, hues du dräimol ofgestridden, datt s
du mech kenns“
no Mt 26, 69 – 75
II Dat war et: Elo hat hien de Jesus verroden.
Meditatiounsmusek
Den Härgott muss äis erléise vun eisem Ugepasst-Sinn,
vun eisen ängschtleche Bedürfnisser,
nëmmen néirens unzeecken
vun eiser Nout, fir d‘éischt eis eegen Haut ze retten – wann et muss sinn, andeems
mir en anere verroden.
Gebiet:
Härgott, sou séier kann et goen
Alles vergiessen, wat äis helleg ass
fir eis eegen Haut ze retten
Verrot un deem, wat äis léif an deier ass
Verrot un äis
Verrot un dir
Erléis äis vum Béisen. Amen
Liddruf
Maach äis fräi, erléis äis, Du eise Gott, erbaarm dech eiser.
03 Judas
Wéi elo de Judas, deen hien ausgeliwwert hat, gesinn huet, datt de Jesus zum Doud veruerteelt war, huet seng Dot him batter leed gedoen. Hien huet den Hohepriister an den Eelsten déi 30 Sëlwerstécker zréckgedroen a sot: „Ech hunn iech en onschëllege Mënsch ausgeliwwert.“ Si hunn him geäntwert: „Wat geet dat äis un? Dat ass däi Probleem.“
no Mt 27,3-5
Hien hat sech dat anescht virgestallt. De Jesus, säi Frënd, muss stierwen. Sou en Doudesurteel ass net méi ze
änneren.
Datt et esou wäit géif kommen, domat hat hien net gerechent.
Hien ass Schold. Hien huet sech zum
Handlanger gemaach. Si hunn hie benotzt.
An dann, wann hie sech schummt a säin
Iertum agesteet,
wëlle si näischt méi vun him wëssen. Eleng a verzweiwelt jäizt hie seng Qualen
an d’Nuecht eran.
D’Verantwortung fir den Doud vu sengem
Frënd kann hien net erdroen. Hie wëllt net méi liewen.
Meditatiounsmusek
Fir d’Leed vun engem anere verantwortlech ze sinn, dat ka mat sech bréngen, datt ee säi Liewen net méi erdroe kann.
An esou enger Situatioun däerfe mir den Härgott froen, datt hien äis vu Sënd a Schold fräi mécht.
Gebiet: Härgott,
wann ech eppes falsch gemaach hunn, wann eng Schold mäi Liewe belaascht,
hëllef mir aus menger Nout eraus. Gëff mir d’Chance, et erëm
guttzemaachen.
Looss mech Mënsche fannen,
déi mech unhuelen a mech gären hunn.
Verzei mir a schenk mir d’Kraaft, fir nei unzefänken.
Maach äis fräi vu Sënd a Schold. Erléis eis vum Béisen.
Amen
Liddruf
Maach eis fräi, erléis äis, Du eise Gott, erbaarm dech eiser
04 Urteel
Spriecher 1: Text
Lk 23,13-16
Spriecher 2:
D’Zaldoten hunn hir Méi, fir Uerdnung ze halen.
De Pilatus huet sech verschätzt. Auspeitsche geet net duer. D’Vollek wëllt méi.
Et ass näischt Besonnesches, wann ee jäizt. Et gewinnt ee sech drun.
Fir een echte Kick brauch et méi.
Spriecher 1:
Si hunn all matenee geruff: „Fort mat him. Looss de Barabas fräi!“
De Pilatus huet probéiert, si ëmzestëmmen,
well hie wollt de Jesus fräiloossen, awer si hu geruff: „Looss hie kräizegen! Looss hie kräizegen!“
Lk 23,18+20-21
Spriecher 2:
De Pilatus reagéiert.
Onrou am Vollek géif dem Keeser net gefalen.
Hee fällt d’Urteel géint seng Meenung.
Meditatiounsmusek
Hale mir de Mond, wann déi aner just haart genug jäizen?
Maache mir bewosst dat Falscht aus
Aangscht ëm eis eegen Haut? Mir bieden zesummen.
Gebiet: Härgott,
Schenk äis d‘Gof z‘erkennen, wat wouer a wat falsch ass.
Maach eise Wëlle staark, och dann dat Richtegt ze maachen, wann anerer ouni Gewëssen handelen.
Erléis eis vum Béisen. Amen.
Liddruf
Maach äis fräi, erléis äis, Du eise Gott, erbaarm dech eis
06 Doud
Vun der sechster bis di néngte Stonn war et am ganze Land deischter.
An de Jesus huet haart geruff: „Mei Gott, mei Gott, firwat hues de mech verlooss?“
Mt 27 , 45f
Mei Gott, firwat?
Firwat hues du mech verlooss? Firwat hues du dat zougelooss?
Léisst du mech falen? Hal mech dach!
- Stëllt -
(Mir sen e puer Minute ganz rouig, onuî Hannergrondmusék oder „Uleedung“)
De Jesus huet nach eng kéier haart gejaut. Dun huet heen de Geest opgin. Mt 27 ,45f
Dun ass de Rido am Tempel an 2 gerappt gin, d’Eerd huet gebiewt an d’Fielsen hu sech gespléckt.
Wéi den Haaptm,ann an d’Wuechtleit dat gesin hun,
sen si vill erféiert a soten:
„Wahrhaftig, dat war dem Härgott sei
Jong!“
De Jesus ass gestuerwen. Heen ass gestuerwe
Fir erem opzestoen. Heen ass gestuerwe
Fir e fir allemol
Meester iwert den Dout ze gin. Heen asx gestuerwen.
Heen huet eis erléist.
Meditatiounsmusék
07 Begriefnes
Text
Lk 23,50-55
Gutt, datt de Jousef e wierdegt Begriefnes méiglecht mécht.
Voller Trauer leeë si de Kierper an d’Graf
a soen Äddi.
Hir Hoffnung ass zerstéiert.
Alles, wourop si gezielt haten, ass verluer, aus an eriwwer.
Si si gefaangen an hirem Schmäerz.
Meditatiounsmusek
D’Trauer iwwert den Doud vun engem léiwe Mënsch
ännert eist Liewe fir ëmmer.
Et brauch een Zäit an et kascht Kraaft, fir engem fir ëmmer Äddi ze soen.
No esou enge Schicksalsschléi däerfe mir
den Härgott froen,
hie soll äis vun der däischterer Muecht vum Doud erléisen.
Gebiet: Gudde Gott,
Dat Schrecklecht vum Doud zitt duerch
eist Liewen.
En definitivt Äddi-Soen deet immens wéi.
Wann et keng Hoffnung méi gëtt,
da looss äis net ënnergoen am Leed an am Schmäerz.
Maach äis fräi vun de geheimnisvolle
Fessele vum Doud.
Wann alles aus ass, da sief du do. Amen.
Stëllt
08 Epilog : Maria vu Magdala
Drei Frae komme bei d’Graw :
Hien eng letzte Kéier gesin an Äddi soen. E letzte Grouss – en Uelig dee gutt richt.
Hien eng letzte Kéier beréieren, hien a gudder Erënnerung halen.
No Lk 24,1‐12
Si sichen den doudige Jesus – awer si fannen en net .
« Firwat sicht dir de Liewege bei den Doudegen », seet een de bei si kënnt.
De Liewegen ? Völlig verréckt.
De Jesus ass dout. Hie gehéiert op de Kierfécht. Net méi zu de Liewegen.
« Firwat sicht der de Liewege bei den Doudegen » ? De Frieme bleiwt derbei.
Hoffnung kënnt op. Nach ganz lues.
De Liewegen ?
Vielleicht ass et dach net esou verréckt.
« Firwat sicht der de Liewege bei den Doudegen ? » Si verstin et nach net – awer si wäärten et verstoen.
Si kënnen et nach net gleewen –awer si wäärten e gleewen.
Si sturen nach an d’Neicht – awer si wäärten den Operstanene gesin. Hiert Kloe wäärt sech a Freed verwandelen.
D’Frae verloossen d’Graw. Si verloossen di Doudeg.
Si gin zeréck an d’Liewen. Si sichen de Liewegen – matten am Liewen. Erléis eis
Hien erléist eis , Vun deem Béisen. Hien erléist eis,
Vun deem Falschen. Hien erléist eis,
Vun dem Alen.
Da kënnt sei Reich,
Da spire mir seng Kraaft
An d’Eiwegkeet a senger Herrlichkeet. Amen.