06 – erfëllt

06 – erfëllt

De Manuel, 16, schreift:
„Menger Meenung no ass et gutt, konsequent ze sinn. Et soll een ëmmer seng
Meenung vertrieden a sech net vun aneren ënnerdrécke loossen.
Et ass z.B. am Sport an an der Schoul ganz wichteg, bis zum Schluss konsequent
ze sinn a fir säin Zil ze kämfen. Ech fannen et gutt, datt de Jesus säin Zil bis zum
Doud um Kräiz verfollecht huet.“
Wéi de Jesus um Kräiz stierft, rifft hien:
„Et ass alles erfëllt.“
Joh 19,30
Et ass alles erfëllt.
Ech hunn alles ginn.
Ech hu mech ginn.
Lo kann ech net méi.
Lo kann ech näischt méi maachen.
Ech si mäi Wee gaangen,
hu Spueren hannerlooss.
Et war e sténgege Wee.
Awer ech war sécher,
datt dëse Wee dee richtigen ass.
Ech war dacks eleng.
Heinsdo konnt ech net méi.
Awer et ass ëmmer virugaangen.
Ech sinn ëmmer virugaange bis zum Schluss.
Lo ass alles erfëllt.
Lo sinn ech um Zil an um Schluss.
Dir gesitt meng Spuer.
Lo maacht dir iech op de Wee.
Jesus,
du bass däi Wee konsequent gaangen,
bis zum Allerschlëmmsten,
bis zum Allerleschten.
Bis zum Doud um Kräiz.
Jesus,
gëff äis Kraaft, eege Weeër ze woen.
Schenk äis d’Hoffnung op en erfëlltent Liewen ouni Enn.