05- ech sinn duuschtereg

05- ech sinn duuschtereg

De Jonas, 17, an d’Franziska, 17, schreiwen:
„Wann een Duuscht huet nom Liewen, da lieft een nach net oder net sou gutt. Sou
wichteg wéi Waasser ass, sou wichteg ass och dat eigentlecht Liewen. An dësen
Duuscht no Liewe verfollecht ee säi Liewe laang.“
De Jesus um Kräiz huet Duuscht. Säi Kierper ass ausgeblutt an ausgedréchent. Den
Duuscht péngecht hien. De Jesus jäitzt no Waasser.
„Ech sinn duuschtereg!“
Joh 19,28
Ech danzen d’Liewen.
Ech genéissen et a vollen Zich.
Ech stëlle mäi Liewesduuscht. Heiansdo hefteg an heinsdo beim Chillen (?).
Et gëtt Mënschen, déi ech gär hunn, an déi mech gär hunn.
D’Liewen ass spannend a voller Aventuren.
Ech weess, wat ech wëll, an ech gi mäi Wee.
D’Liewen ass schéin.
Ech héieren dech um Kräiz, Jesus.
Spiere mat dir däin Duuscht – no Waasser.
Spiere mat dir och den Duuscht no Liewen
-
och elo nach: Minutte virun dengem Doud.
Och du has d’Liewe gär.
Du konnst däi Liewe genéissen an hues mat Frënn gefeiert.
Du has Mënschen, déi dech gär haten;
an du has d’Mënsche gär.
Du wosst, wat’s du gewollt hues, an du has Ziler.
Du hues deenen aneren hiere Liewesduuscht gestëllt.
D’Mënschen hunn dech bewonnert. Däi Liewe war räich.
An elo? Ass dat alles, wat iwwreg bliwwen ass?
D’Biedelen ëm eng Schlupp Waasser – kuerz virum Verrecken?
Neen!
Hues du net eng Kéier gesot: Du selwer bass d’Waasser vum Liewen?
Dat muss méi sinn, ewéi eng Schlupp, déi eem erfrëscht.
Eppes Déiwes, dat meng Séil beréiert.
Ech kann et nach net beschreiwen.
Awer ech hunn eng Ahnung: Du gëss äis wierklecht Liewen. Grad elo, do um
Kräiz.Ech spieren: Wat’s du äis ze ginn hues, ass nach laang net eriwwer.
Jesus,
weis äis de Wee zu engem Liewen, dat wäertvoll ass an net iwwerflächlech.
Weis äis deng Quelle vum Liewen, déi eisen Duuscht no Liewe stëllen.
Amen