04 - verloossen

04 - verloossen

Du och? Ech hu gemengt, du wiers meng Frëndin!
Firwat stees du net op menger Säit?
Firwat méchs du bei deenen anere mat?
Firwat spiers du net, datt dat kee Spaass méi ass?
Op wie kann ech mech elo nach verloossen?
D’Silvia 16, schreift:
„Dacks kënnt een am Liewen op e Punkt,
wou ee sech verloosse fillt. Wann ech zum Beispill grouss Probleemer an der Schoul
oder mat Frënn hunn an ech mat kengem iwwert dës Probleemer schwätze kann,
well et keen intresséiert.“
Den Thomas 17, schreift:
„Et fënnt een ëmmer e séchere Réckhalt, wann net bei de Frënn, da wéinstens beim
Herrgott. Gleewen ass verbonne mat Zweiwel an Onsécherheet, awer just dat mécht
et aus. Kee Glawen ouni Zweiwel. Den Ausruff ’Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du
mech verlooss?’ ass dach e Bewäis dofir, wéi no den Herrgott de Mënschen ass“.
Wéi déi sechst Stonn koum, ass et iwwert dem ganze Land däischter ginn. Et huet
bis déi néngt Stonn gedauert. An déi néngt Stonn huet de Jesus haart geruff: „Mäi
Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?“
Mk 15,34
De Jesus geet duerch d’Hell. Et kann net schlëmmer ginn.
Et ass kee méi do, deen him bäisteet a sengem Leiden.
Net emol méi säi Papp am Himmel.
Hien erlieft den däischtersten Ament, deen e Mënsch erliewe kann
.
Wou ass deen, deem säin Numm ass: ECH SINN DO?
De Jesus geet duerch d’Hell.
Awer hie verléiert säi Glawen net.
Hien zweiwelt net um Herrgott, och wann hien en net méi bei sech spiert.
Hien, de Jong vum Herrgott, stellt sech op d’Säit vun deenen,
déi vun elauter Schmäerz den Herrgott net méi gesinn.
An him kann den Herrgott och de Mënschen an der Däischtert no sinn.
Wéi gesot gi war: D’Mënschen, déi an der Däischtert liewen, gesinn en hellt Liicht.
Jesus Christus,
um Kräiz hues DU Stonne vu gréisster Däischtert erlieft.
Du hues dech vum Herrgott verlooss gefillt.
Duerch dech, Jesus, kënne mir och an deene schwéieren Zäite gleewen, datt mir ni
eleng sinn.
Maach eise Glawe staark. Amen