02 – Paradäis

02 – Paradäis

D’Anne, 17, schreift:
Ech mengen, jiddereen huet eng eege Virstellung vum Liewen nom Doud am
Paradäis. Ech gesinn d’Paradäis vrun allem ouni irdesch Suergen: ouni d’Aangscht
ze versoen, ouni d’Aangscht sech selwer an déi aner Mënschen ze entäuschen, ouni
materiell Nout.
Mäi Paradäis ass erfëllt vu Léift a Gläichheet. Et ass kee méi wäert wéi een aneren,
a jidderee respektéiert dat. Allerdéngs gesinn ech d’Liewen nom Doud net bildlech
vru mir.
Menge Virstellungen no liewen déi Verstuerwe weeder all an engem grousse
Schlass, nach hoppsen se a wäisse Kleeder vun enger Wollek op déi aner a soen
dem Herrgott all Dag „Gudde Moien“.
Ech gleewen och net drun, datt een nom Doud kann Abenteuer nohuelen, déi ee
verpasst huet. Mäi Paradäis ass keng Plaz, et ass eng Erléisung.
Zesumme mam Jesus goufen 2 Verbriecher gekräizegt.
Ee vun hinne muss de Jesus iergendwéi kannt a geschätzt hunn.
Hie sot: „Jesus, denk u mech, wann’s du an däi Räich kënns.“
A de Jesus huet him geäntwert:
„Amen. Ech soen dir: haut nach bass du mat mir am Paradäis.“
Nom Lukas 23,39-43
„Denk u mech!“
„Looss mech net eleng!“
„Huel mech mat!“
Sou eng Wënsch kenns du bestëmmt! – vun dir selwer oder vun aneren.
An et deet ëmmer gutt, wann een do ass, deen dech eecht hëlt.
Well Verlaangeren ouni Adress deet wéi.
De Wee duerch den Doud ass bis haut e grousst Geheimnes.
Et ka kee soen, wat do alles geschitt.
Virstellunge vu Liicht, Hellegkeet, Wäermt avun erfëlltem Liewe si staark Biller fir
d’Liewen nom Doud ze beschreiwen.
„Haut nach bass du mat mir am Paradäis!“
Dem Jesus seng Wierder ginn äis d’Sécherheet, datt nom Doud eppes ass, wou mir
Mënsche wëllkëmm sinn a wat äis opfänkt. Mir däerfen drop vertrauen, datt den
Herrgott fir äis eng éiweg Heemecht ass.
De Jesus huet säi Wuert nach ëmmer gehal!
Säi Verspriechen ass ewéi eng Bréck, déi mécht, datt d’Ongewëssheet net esou
ass.
Hien ass de Wee, deen äis an d’Liewe féiert.
Jesus,
um Kräiz seess du Wierder, déi Hoffnung schenken.
Um Kräiz méchs du Courage, dat Schrecklecht duerchzehalen.
Hëllef mir,
wann ech nei Weeër fäerten,
Looss mech spieren,
datt s du och an der Ongewëssheet bei mir bass.
Denk u mech, Jesus! Amen.