01 – verzei

01 – verzei

D’Daniela, 16, schreift:
Verschidde Saache si schwéier ze verzeien, wéi z.B. Mobbing. Wéi kann een als
Mënsch, dee vun anere bedrängt gëtt, verzeien?
Dat ass eng ganz schwéier Fro, an ech weess net, ob e Mënsch an esou enger
Situatioun eng Äntwert drop fanne kann.
D’Anna, 17, schreift:
Ech mengen, et ass wichteg, Verzeiung eecht ze mengen an net ze soen: „’t ass
gutt!“, wann een am Fong nach rosen iwwert deen aneren ass.
De Jesus gëtt gekräizegt. D’Zaldote verspille seng Kleeder, an d’Leit ënnert dem
Kräiz laachen hien aus. An deer Situatioun seet de Jesus: „Papp, verzei hinnen, well
si wëssen net, wat si maachen!“
Lk 23,34
Ausgeschloss sinn.
Net dozou gehéieren.
Anescht sinn.
Rose Blécker.
Vill hunn der Muecht.
Ee fäert.
Dat kennst du bestëmmt.
Wie sinn ech vun deenen? D’Affer oder den Täter?
Handlen ech ëmmer richtig?
Kann ech ëmmer aschätzen, wat ech bewierken?
Wien eppes mécht, muss mat de Konsequenze liewen.
Beim Jesus war et net anescht.
Hien huet ugestouss.
Hien huet misste Roserei, Haass an Ierger erdroen.
Et gouf de Geck mat him gemaach an hie gouf gefoltert.
Gekräizegt.
Hie war mat senger Kraaft um Enn.
An dëser Situatioun un d’“Géigner“ denken?
An dëser Situatioun u Verzeien denken?
An dëser Situatioun esou biede kënnen?
De Jesus ass sech selwer trei bliwwen.
„Sief gutt mat dengem Nächsten“ hat hien emol gesot.
Hien huet dat fäerdeg bruecht.
Dat ass ze bewonneren.
Jesus Christus,
souguer um Kräiz kanns du verzeien.
Du weess, datt mir Mënsche Feeler maachen.
Mir brauche Verzeiung.
Gëff äis d’Kraaft, een deem aneren ze verzeien.
Amen.